 Site Navigation
There are 2 online users browsing: 0 members and 2 visitors
 Latest Discussions
ff_freak @ 12-1-09 22:16
Read: 140 Comments: 11
Seku @ 11-28-09 23:27
Read: 2,290 Comments: 141
Loveless @ 11-28-09 10:26
Read: 214 Comments: 14
Subenu @ 11-26-09 21:24
Read: 15 Comments: 0
Seku @ 11-26-09 19:34
Read: 2,186 Comments: 140
 Recommended Sites
blah
|
|
Photoen am Profil |
| Posted by Luluriel - 10-3-09 08:13 - 10 comments |
 |
Salut alleguerten,
Hun leider um leschten Treffen eppes vergiess ze erzielen. Seit leschter Woch könnt der an ärem Profil en real Photo vun Iesch eroplueden, wann der daat wellt. Esou können Leit sech och eppes ennert ärem Numm firstellen, an um Treffen ass et och mei einfach Leit eremzefannen, matt deenen een sech hei am Forum esou gudd ennerhaalen huet ^^
Wei lueden ech eng eegen Photo eropp?
Vir eng Photo eropzelueden, gidd der einfach uewen riets op My Controls. Dann am Menü ganz lenks, fann der ennert Personal Profile den Menüpunkt Change Personal Photo Hei könnt der entweder den Link op eng Photo vun Iesch online unginn, oder eng Photo eroplueden. Greisst vum der Photo ass op 500x500 Pixel beschränkt.
Freen mech schon fir all dei vill nei Photoen ze gesinn ^^ Vir ze gesinn, wei esou eppes kann ausgesinn, gidd einfach mol op dem Seku oder mein Profil kucken |
Read 322 times - last comment by xXItachiXx
|
Den Forum huet en neien Design ^^ |
| Posted by Luluriel - 09-5-09 07:20 - 10 comments |
 |
Salut Alleguerten.
Wei der schon mierkt ass dei eischt Etapp, also Ausgesinn vum Forum, ferdeg. Hoffen et gefällt iesch.
Waat ass gemaach ginn:- Faarwen sinn denen vun der Homepage ungepasst ginn.
- Buttons an Biller sinn Anilux passender zeännert ginn. Eben mat engem klengen Touch japanesch ;-)
Hun probeiert mein Bescht ze maachen fir alles flott ze gestallten. Mee sinn och open fir Kritik. ^^ Also roueg mol är Meenung heihinner posten
EDIT: Ech wees dass alles nach en bessen ze hell ass, ech wärt daat an der nächster Woch nach verbesseren ^^
SEKU HEI: Ass alles fäddisch! |
Read 292 times - last comment by Sanakan
|
Di nei Säit |
| Posted by Seku - 08-28-09 21:23 - 1 comments |
 |
Sou, geschafft ass ët mool, di nei Säit ass online gaangen. Wi ët schéint hudd der jo lo och den Wee an eisen Forum zrëckfonnt, ech hoffen dier huelt mer ët nit iwwel.
D'Grënn fierwaat daat mer eng Frontsäit gemaach hunn hunn ech jo am eischte Post op der Säit erklärt.
Den heiten Thread ass dofier do fier Froen ze stellen an ze beäntweren, an eis äer Meenung ze soen. Vill Spaass nach  |
Read 102 times - last comment by Seku
|
Sinn nees do & nei Frontpage |
| Posted by Seku - 08-23-09 18:59 - 17 comments |
 |
Sali alleguer.
Fier d'éischt mool eng Entschëllegung daat ech mech sou laang nit mi gemellt haat. Wi di mëcht ower vun iech wëssen, haat ech fier mëng Schaff nach en 100-säitegen mémoire ze schreiwen. An wei der iech wuel fierstellen kënnt, ass ët nit sou einfach daat matt engem 8-Stonne Schaffdaach ënnert de Hutt ze kreien.
Ma daat ass lo Gottseidank eriwwer, ech hunn den Mémoire d'lescht Woch oofginn. An do haat ech och Zäit fier mer Gedanken iwwert d'Anilux-Säit ze maachen: den Forum mëcht nämlech saachen wi News, Chat & Treffeninfo, di nit optimal an engem Forum erriwwerkommen: d'Informatiounen sinn meeschtens an engem Thread déif begruewen, oder sinn iwwert en puer Threads duebel oder dräifach verdeelt (jo, haate mer schons alles).
Schons ugangs dës Joers waar dofier een Projet vum deemolege Comité do fier alleguer d'Informatiounen op eng Haaptsäit ze verfrachten, wou jiddereen se gudd liesen konnt. Soueng Testsäit waar och schons online, ma mangels Zäit mëngersäits ass se nit fäerdegginn.
Dofier kann ech lo guddes Gemitts behaapten daat mer gläich eng Haaptsäit kréien. Dorops kënnt an eischter Instanz mool stoen:- Informatiounen zu den Treffen
- Gallerien
- PodCasts
- Kritken iwwert Restaurants, Anime an Videospiller
- Generell Updates an interessant dommheeten
- an eng Descriptioun vum Club
... grosso moddo alles waat Leit vun informatiounen sichen di fier d'éischt op anilux.lu kommen, an ower och regelméisseg informatiounen fier d'Leit di sech um laafenden wëllen haalen.
Ma ech gesinn di grouss Fro schons kommen : Waat geschitt matt eisem Forum? Ma den Forum gëtt och ë bëssi ëmgeännert, nämlech: - Den Forum ass iwwert een Link an der neier Säit angebonnen. Dier kënnt en och einfach an enger neier Säit opmaachen
- d'Hotnews di mer säit engem halwen joer nit mi upgedated hunn fléien eraus
- D'Shoutbox gëtt aus dem Forum op d'Haaptsäit verluet
- Den Forum kritt een neien Template, deen wäiss ass an sech besser matt der neier Säit integréiert (daat huet nach zäit)
- Foren wi "Neiegkeeten", "foto", "treffen" wäerten ewegfaalen, oder emgeännert ginn, well d'Haaptsäit di saache besser mëcht
- bei den Foren wäert ët eng grouss vereinfachung ginn: zum Beispill nëmmen een Anime, een Manga an een Videospillforum ... ech fannen ët verléiert een d'iwwersicht bei all den foren vill ze schnell
D'Haaptiddi vum ganzen ass daat den Forum nees zu sënger Bestëmmung zougefouert gëtt, nämlech eisen Diskussiounen. An daat Gallerien an wichteg Noochrichten iwwert d'Websäit ooflaafen.
Apropos: d'Haaptsäit ass an sëch een Blog, daat heescht kommentéieren ass méiglech, an definitiv erwënscht 
Wann alles riitleeft, wäert ech d'Anilux.lu address op di nei Säit an sou enger Woch ëmstellen. Fier di leit di fierwëlzeg sinn, hei ass mool di aktuell Test-Adress : Anilux Test-Säit. Soot mer hei am Thread bescheed waat der dervunner haalt Et feelt nach vill Contenu op der Säit, ma dier gesidd jo dann mool wou daat ganzt hingeet.
Vill Spaass nach, äre Seku |
Read 373 times - last comment by Seku
|
Wei handhaben mer d'Treff an der Zukunft? |
| Posted by Seku - 05-19-09 18:27 - 12 comments |
 |
Sali alleguer,
Den Treff ass an der Lescht jo fatzeg gewuess, an mier sinn zu enger anstänneger Kludder Leit ginn wann mer duerch d'Staat geeschteren. Och wann mer all gläichzäiteg am Sall optauchen sinn mer zu masseg.
Dofier wollt ech mool nofroen, waat der vun der Iddi haalen géift, wann mer eis géifen opdeelen:- een Trupp deen den Tuer mëcht wi gehabt, an dann an den Sall kënnt
- een aaneren Truppfier di leit di den Tuer nit wëllen mattmaan, fier direkt am Sall ze spillen, anime kucken
Oder hudd der leiwer wann mer alleguer zesummen bleiwen? |
Read 530 times - last comment by BakaBankai
|
|